En Dag um Bauerenhaff

Mir freeën eis, Iech de Sonndeg bei eis um Haff fir den Dag um Bauerenhaff 2023 begréissen ze kennen. 👏

Hei e puer Eckdaten a logistesch Informatioune zum Event:

– Datum: 18.06.2023 vun 10.00 bis 18.00 Auer
– Austragungsort: Bio Haff Baltes, 1, Um Suewel L-9186 Steeën
– Organisateur: Service Jeunesse Lëtzebuerger Bauerejugend vun der Centrale Paysanne Luxembourgeoise
– Anfahrt: Heirënner den Anfahrtsplang fir d’Anfahrt mam Auto. Mir recommandéieren virun allem déi 3 agezeechent Parkingen an direkter Proximitéit zum Haff ze notzen. No engem kuerzen Foussmarsch sidd Dir dann och scho ukomm. A Steeën rafuere musst Dir e Sonndeg iwwer den Gerelwee, bei Depart dann a Richtung Bloen Eck aus dem Duerf rausfueren (Den Sonndeg ass dëst en sens unique). Dir kennt Steeën natierlech och via déi gängeg Buslinnen erreechen – dëst beispillsweis vun Ettelbréck & Dikrech kommend via d’Buslinne 250 an aus Miersch kommend mat der Linn 233. Mir empfeelen Ären Trajet mam ëffentleche Transport via Mobiliteit.lu ze plangen.

A voller Virfreed, bis e Sonndeg! 

Weitere Blog-Posts

Jóhann Ragnarsson Kurs

Jóhann Ragnarsson Kurs

 Steeën , 9-11.February 2024  Another instructive training with Joi as well as beautiful moments together with endless...